« Casa de Retiros Santa Isabel de la Trinidad »

De Formatiouns- a Retraitenzentrum La Majada läit am Südweste vun El Salvador, an de Bierger vun der Regioun Sonsonate op enger Héicht vun 900-1700 Meter i.M. Déi grouss Gebailechkeete mat enger schéiner Kapell, Versammlungsraim an Dortoiren si gebraucht fir haaptsächlech iwwert de Weekend ebreede Spektrum u Formatiounen, Coursen an och Retraiten unzebidden.

An all deene Joerzéngte wou La Majada besteet, hunn ëm déi 30 000 Leit vun der Offer profitéiert. Si hu Referater iwwer vital, existentiell Sujetë gehéiert, e chrëschtlecht Weltbild verdéift meditéiert, an eng integral Ausbildung vu ganz valable Referenten ugebuede kritt. Grouss Wierker wéi Caritas a Misereor bidde Weekenter un.

Dat Ganzt brauch fir d’Organisatioun natierlech déi néideg Logistik: Den Don Oscar P., Direkter vum Kannerhaus zu Santa Ana an d’Sekretärin këmmere sech ëm d’Infrastruktur. Den Dageswiechter Castulo mat senger Fra an zwee klenge Kanner wunnen um Site a këmmere sech ëm d’Gebailechkeeten. Wa Gruppe kommen, sinn zwou Kächinnen do, fir se all ze bekachen. Fir d’Sécherheet ass och en Nuetswiechter zoustänneg, well de Sujet Kriminalitéit an El Salvador ass nach ëmmer aktuell.

D’Philosophie vu La Majada ass, datt all Mënsch, dee gutt gewëllt ass, däerf un de Cousen deelhuelen. 98% vun de Kandidate sinn aarm, béis aarm, a kënnen dacks déi 20 USD fir de Weekend net bezuelen. Eis Fondatioun hëlleft mam Geld vun den Donateuren (MERCI) d’Käschte vun deem Haus droen. Dat waren 2020 ronn 27 000 E : Ënnerhalt vun de Gebaier, Paie vum Personal, Iwwerhuele vun den Onkäschte vun deene Leit, déi sou aarm sinn, datt se näischt kënne bäileeën.

An dann d’Pandemie, de Coronavirus : Säit Mäerz 2020 koume quasi keng Gruppe méi an d‘Haus. Am Mee 2021 waren éischt Gruppen erëm do: Caritas-Beamten aus dräi Diözesen, 50 Jugendlecher aus der Stad Sonsonate, 50 Laieleaderen aus Ciudad Arce a Chilamatal, …an elo ass erëm Lockdown fir dräi Méint…

Keen däerf entlooss ginn, Paie musse weider bezuelt ginn, Gebaier ënnerhalen… Hëlleft eis hëllefen! Merci fir Ären Don, fir dëse wichtege Projet um Liewen ze halen.

Partager

Autres articles

Retour en haut